den 18. Abrëll 2026 zu Nidderfeelen
am Kader vum groussen Télévie-Dag
Organiséiert vun der Gemeng Feelen mat hirer Mobilitéitskommissioun
Den “Everesting” ass eng Competitioun wou en eenzelne Sportler eng fräi wielbar Streck sou oft zréckleet bis datt de cumuléierten Héichtenënnerscheed der Héicht vum Mount Everest (8.848 m) entsprécht. Dëst stellt extrem Ufuerderungen un déi kierperlech an un déi mental Ausdauer vun den Athleten.
Am Kader vum Télévie, den 18. Abrëll 2026, proposéiert d’Mobilitéitskommissioun vun der Gemeng Feelen, zesumme mat der Gemeng, doraus e gemeinsamen Challenge ze maachen : jiddereen dréit e klengen Deel dozou bäi fir zesummen dat grousst Zil ze erreechen !
All Participant fiert eng bestëmmte Streck sou oft wéi e wëll mam Velo. D’Tier gi gezielt an op Basis dovu gëtt gerechent, wéivill Héichtemeter insgesamt zréckgeluegt goufen – a wéi dacks mir de Mount Everest gepackt hunn !
Sitt mat dobäi !
D’Manifestatioun fënnt e Samschdeg, den 18. Abrëll 2026 am Kader vum Télévie-Dag statt. Deen Dag si ganz vill Manifestatiounen a Stänn am Duerf, an et ass richteg vill lass !
D’Event dauert 4 Stonnen, vun 11h00 bis 15h00.
Dir kënnt egal wéini starten a sou laang fuere wéi Dir wëllt.
All Tour, dee viru 15h00 ugefaang gouf, ka fäerdeg gefuer ginn.
D’Streck
D’Streck verleeft vum Ufank vun der rue de l’Acht, zu Nidderfeelen, bei der Kräizung mat der route de Bastogne, iwwer de Réimerwee an d’Cité Kiem bis op de Bucheknapp, a vun do iwwer de CR314 an de Kierchwee rem zréck.
Si huet 100 Héichtemeter an ass ronn 5,5 km laang.
Si gëtt gréisstendeels fir de Verkéier gespaart.
Just zu Nidderfeelen bleiwen d‘Stroossen „rue de l’Acht“, „Millischpäsch“, „Réimerwee“, „Cité Kiem“ an „an der Gewan“ fir d’Awunner accessibel. Hei suerge Streckeposte fir d’Sëcherheet.
Fuert mat !
Dir wëllt beim Everesting4all matfueren a sou hëllefen, Sue fir den Télévie ze sammelen ?
Da mellt Iech un !
Klickt op de Knäppchen hei drënner oder schreift eng eMail un everesting4all@icloud.com, mat den Nimm vun de Participanten, op si mat oder ouni Moteur ënnerwee sinn an op Kanner bis 12 Joer dobäi sinn. Mir brauchen déi Informatioune well mir 3 verschidde Klassementer maachen.
Dir kritt dann eng eMail als Confirmatioun a mam Kont fir d’Startgeld ze iwwerweisen.
Mir froen 10€ fir Erwuessener a 5€ fir Kanner ënner 12 Joer, egal wéivill Tier Dir fuert.
Den Erléis vum Dag ass 100% fir den Télévie !
Maacht mat beim “Parrainage”
Dir fannt den Everesting4all eng flott Iddi a wëllt eppes fir den Télévie maachen, sidd awer net sou vëlosbegeeschtert wéi mir ?
Dann hu mir eng aner Propose :
Beim Everesting4all ass et eis wichteg, datt de Montant, deen um Enn gespent gëtt, un d’Zuel vun Héichtemeter, déi gefuer goufen, gekoppelt ass. Mir wëllen de Participante kënne soen : „fir all Tour deen dir fuert, ginn x Euro un den Télévie fir de Kampf géint de Kriibs“.
Dofir d’Formule vum „Parrainage“ : mir proposéieren Entreprisen a privaten Donateuren, sech am Virfeld ze engagéiere fir, pro Tour, e klenge Montant ze spenden. Et ass méiglech, e Maximum ze fixéieren, sou datt ee weess, datt e gewësse Montant net iwwerschratt gëtt, egal véivill Tier gefuer ginn. Zum Beispill kéint ee sech engagéieren, 1 Euro pro Tour ze ginn, mat engem Maximum vu 50 oder 100 € ...
Hëlleft eis hëllefen an engagéiert iech, eis Participanten duerch en zousätzlechen Don un den Télévie nach méi ze motivéieren !
Nom Enn vun der Manifestatioun kritt Dir d’Zuel vun de gefuerenen Tier matgedeelt a kënnt den entspriechende Montant, laut Ärem Engagement, spenden.
Dësen Don geet net un eis, mee direkt un d’Fondation Kiwanis, déi fir den Télévie responsabel ass. Op dës Manéier ass all Donateur sécher, datt seng Suen zu 100% do ukomme wou se sollen – a kritt e Certificat fir d’Steiererklärung.
Mir wäerten all d’Donateuren op dëser Säit oplëschten, natierlech kann een awer och en anonymmen Don maachen.
Entreprise kënnen hei och hire Logo publizéieren an, ab engem Don vu 5€ pro Tour mat engem Maximum vu 500 €, eng Reklamm op der Plaz maachen.
Merci och fir de klengsten Don, well all Euro zielt !
Kontaktéiert eis
Mellt iech bei eis fir all Froen oder Remarquen zum Everesting4all…